D’Firma SPM Bâtiment, déi zënter 2006 am Grand-Duché etabléiert ass, bitt Iech qualitativ héichwäerteg Komfortléisunge fir Äert Wunnhaus: Fassadenreinigung, Fassadenisolatioun, Fassademolerei, Fassadenverputz, Fassadendekoratioun, Montage vu Cornichen, Plafongen a falsche Plafongen, Isolatioun vum Späicher, Trennwänn aus Gipsplack, Plooschteraarbechten, gesprëtzte Plooschter, asw.
Mir si fir Privatleit a Professioneller do, an dat a ganz Lëtzebuerg, an der Belsch an a Frankräich.
Eng gutt Fassadenisolatioun erlaabt Iech eng Energieklass A, B oder C z’erreechen. Dofir bidde mir eise Clienten Neopor-Isolatioun mat engem Koeffizient vun 0,032 un.
All eis Fassadenenduitten sinn op Silikonbasis, wat eng besser Dichtheet garantéiert an de Virdeel huet selwer ze botzen.
Eist Team schafft ënner anerem mat feinem, glatem gesprëtzten Enduit mat enger grousser Auswiel u Faarwen.
Zousätzlech realiséiere mir och Projetiounen vu Lehmputz (ökologeschen Enduit op Leembasis, 100% natierlech).
SPM Bâtiment steet Iech och zur Verfügung fir Trennwänn aus Gipsplack mat Bläi (z. B. fir Radiologieraim).
Mir maachen och den Ausbau vum Späicher, schréi Plafongen, kleng Ofbréchaarbechten, Trespa-Fassaden (Holzverkleedung vun der Fassad), asw.
Ënnert eise Referenze kënne mir, besonnesch am Beräich Fassadendekoratioun, eis Participatioun un der Realisatioun vun zwee Akafszentere mat Strabag an Décoration Façade nennen (McArthurGlen Messancy a La Vallée Village zu Serris-Paräis).