Solidarité Jeunes asbl huet als Veräinszweck d'Konzipéierung, d'Schafung, d'Entwécklung an d'Gestioun vun Aktivitéiten, déi direkt oder indirekt mat de Beräicher Kandheet, Jugend a Famill a Verbindung stinn.
D'Associatioun engagéiert sech fir d'Begleedung an d'Ënnerstëtzung vu Kanner, Jugendlechen a jonken Erwuessenen, déi sech a schwierege Liewenssituatioune befannen. De Schwéierpunkt läit besonnesch op hirer Erzéiung, hirer sozialer Inklusioun, hirer Integratioun an d'Famill souwéi op hirem kierperlechen a psychesche Wuelbefannen.
D'Associatioun verfollegt weder politesch nach konfessionell Ziler. Hir Aktivitéiten a Servicer stinn all Mënsch op, onofhängeg vun hirer Nationalitéit, hirer ethnescher oder rassescher Hierkonft, hire politeschen oder reliéisen Iwwerzeegungen oder hirer sexueller Orientéierung.