
SCURE Développement Durable & Energie S.A. ass eng Divisioun vun der CSx Grupp. Dës Entitéit schafft enk mat deenen aneren Divisioune vun der Grupp zesummen: SCIRI an SCAHT. Eng Synergie déi eng Rationell Notzung vun der Energie entwéckelt.
D’Firma SCURE ass op Energie an nohalteg Entwécklung vu Gebaier spezialiséiert.
Eis Experten ënnerstëtzen souwuel Professioneller wéi och Privatleit bei all Projet, deen eng energetesch Dimensioun enthält.
Mir bidden eng personaliséiert Hëllef an präzis technesch Berodung, fir Är Froen vun haut ze beäntweren – mat Bléck op d’Zukunft vum Projet (laangfristeg Visioun). Eis energetesch Expertise kann no Äre Besoinen ugepasst ginn: mol als techneschen Appui vum Architekt.
Mir féieren och onofhängeg Kontrollen duerch (Validatioun vun Resultater, Norm-Konformitéit, asw.), souwéi verschidde Aarte vun Auditen.
Mir si aktiv am Groussherzogtum Lëtzebuerg an a Belsch.