Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Schumacher Schmiz Architectes

          Bannenarchitektur 16 + 18 Avenue Gaston Diderich L-1420 Luxembourg (Lëtzebuerg)
          Kuck d'Nummer 44 17 10 Itinéraire Websäit Contact

          Iwwer Schumacher Schmiz Architectes

          Dräi Joerzéngten gemeinsam Geschicht verbannen déi zwou Architektenbüroen op der 16 an 18, Avenue Gaston Diderich an der Stad Lëtzebuerg.


          No hirem Architekturdiplom hu sech de Manuel Schumacher an de Romain Schmiz all eenzel selbstänneg gemaach, jidderee mat sengem eegene Büro, awer wéi schonns an der Universitéit mat enke frëndleche Relatiounen a mat erfollegräicher Zesummenaarbecht un groussen ëffentleche Projeten.


          Nom onerwaarten Doud vum Romain Schmiz am Joer 2022 gouf säi Büro an eng sàrl ëmgeännert. Dank dem Engagement vu senger Famill konnt dat ganzt Team erhale bleiwen an d’lafend Projeten weidergefouert ginn. D’Gestioun gouf fir d’Architektur vum Manuel Schumacher an fir den Urbanismus vum André Agne iwwerholl.


          Am Summer 2022 si nei Gestiounsmemberen der bestoender Equipe bäigetrueden: Ralf Junges, Nico Engel an Denis Rosolen.


          Ufanks ënner dem selwechten Daach, dono als Noperen, hunn déi zwee Büroe ëmmer enk zesumme geschafft. 30 Joer méi spéit ass de Krees elo zou: déi zwee verbonne Büroe bilden elo just nach eng eenzeg Struktur – „Schumacher Schmiz Architectes Sàrl“.

          Kontakt Persounen