De Konviktsgaart ass eng modern a geselleg Ariichtung mat 110 Wunnengen.
Hie bitt Senioren iwwer 65 Joer d’Méiglechkeet, an engem Appartement oder Studio ze liewen, deen un hir Besoinen ugepasst ass, a gëtt dobäi vun engem Team vu 65 Fachleit betreit.
Ëmginn vun engem flott ugeluechte Park läit de Konviktsgaart direkt am Stadzentrum. Eng Busarrêt befënnt sech an direkter Noperschaft, sou datt d’Bewunner déi vill Virdeeler vun der Haaptstad, souwuel am kulturellen wéi och am kommerzielle Beräich, optimal notze kënnen.