Wëllkomm am Réidener Spënnchen
Kommt a entdeckt de Charme vun enger traditioneller Epicerie wéi fréier. Vun 7 Auer moies un begréisse mir Iech an eisem „Kaffis Eck“ mat enger gudder Taass Mondo Del Caffè Kaffi. Op eiser Kaffiskaart fannt Dir och Klassiker wéi Espresso, Latte Macchiato a Cappuccino. Oder Dir startet Ären Dag mat engem Téi aus eisem breede Sortiment.
Begleet vun engem hausgemaachte Sandwich oder enger Viennoiserie bidde mir Iech och frësch gepressten Orangensaft un.
Am Laf vum Dag kënnt Dir Iech mat Eiskaffi, klenge Séissegkeeten oder hausgemaachte Crêpen a Waffele verwinnen.
An eiser Epicerie fannt Dir suergfälteg ausgewielte Produiten, dorënner biologesch a regional Artikelen. Mir si stolz drop, „Boucherie Traiteur Maison Steffen“, „Confiserie Namur“ an „Domaine Alice Hartmann“ zu eise feste Fournisseuren ze zielen.
Dir sicht eng Cadeaus-Iddi? Vertraut eis a gitt mat engem thematesche Kaddoskuerf heem, deen op Ä