Lauschter Lëtzebuerg
De Radio 100,7 gëtt de villfältege Stëmme vum Land eng Plaz fir sech auszedrécken an zesummen eis Geschicht ze erzielen – an eise Wierder, mat eiser Musek.
Lauschteren heescht kucken, fillen, entdecken, verstoen a sech verbannen. Lëtzebuerg nozelauschteren heescht Lëtzebuerg d’Wuert ze ginn an och déi onbequeem Froen ze stellen.
Eis Missioun
De Radio 100,7 ass de Radiosender fir Informatioun, Kultur an Ënnerhalung zu Lëtzebuerg. Zënter 1993 op Antenn, séchert de Sender de Service public an der Lëtzebuerger Radioswelt. Iwwer seng Internetsäit a seng mobil App bitt de Radio och Informatiounen an Text a Bild. Hei fënnt ee seng Emissiounen ausserdeem an der Mediathéik.
Am Ufank war dem Radio 100,7 säin Optrag als soziokulturelle Radio eng spezifesch Nisch ze besetzen. Mam neie Gesetz vun 2022 krut e ganz offiziell d’Missioun, als Generalisteradio all d’Leit zu Lëtzebuerg unzeschwätzen. Méi speziell soll de Radio iwwer national, europäesch an international politesch Aktualitéit informéieren, variéiert Programmer zu sozialen, wirtschaftlechen, kulturellen a sportleche Sujete produzéieren an och déi regional a lokal Aktualitéit ofdecken.
D’Programmer Radio 100,7 an opus 100,7, de Sender fir klassesch Musek, ginn am allgemengen Interessi vum Média de Service public 100,7 produzéiert, engem onofhängegen ëffentlech-rechtlechen Etablissement. De Verwaltungsrot ass aus sechs onofhängege Memberen an dräi Staatsvertrieder zesummegesat. Ufank 2023 gouf fir d’éischte Kéier e Member no engem ëffentlechen Opruff fir Kandidature vum Verwaltungsrot nominéiert.
Finanzéiert gëtt de Média de service public 100,7 vun der ëffentlecher Hand aus dem Staatsbudget. Ausser dem Parrainage vun eenzele Sendungen dierf keng Publicitéit op senge Radioe gespillt ginn. Zënter 2015 gëtt dëse Finanzement iwwer pluriannuell Konventioune geséchert. Dëst verhënnert, datt iwwer de Budget d’Onofhängegkeet vun de Journaliste vum 100,7 ënner Drock geréit.
Als Service public huet de Radio 100,7 besonnesch Verflichtungen. Esouwuel bei Informatioune wéi bei Meenungsbäiträg a Kommentare muss d’Redaktioun onparteiesch an onofhängeg bleiwen an déi eethesch Normen, Qualitéitsuspréch an d’Wäerter vum Service public respektéieren. Den 100,7 muss zur sozialer Kohäsioun bäidroen, d’Diversitéit vun Iddien a Meenunge reflektéieren an déi demokratesch, sozial a kulturell Bedeelegung vun de Bierger:inne promovéieren.
Zu senger Missioun gehéiert och déi kulturell an artistesch Kreatioun zu Lëtzebuerg an Evidenz ze setzen. Zum Optrag vum 100,7 gehéiert virun allem d’Nolauschterer an d'Nolauschterinnen, am Respekt vun der Wäerter vum Service public, ze ënnerhalen.