De PackUp 24/24 Reseau ëmfaasst Automaten, déi 24 Stonnen den Dag an 7 Deeg an der Woch zougänglech sinn.
Fir Är Päck dohi liwweren ze loossen, ass d'Prozedur genee déi selwecht wéi fir all PackUp Points. Dir musst just Är gewéinlech PackUp Adress uginn an de Postleitzuel vun der gewielter PackUp 24/24 Statioun spezifizéieren.
Di gréisst PackUp 24/24 Fächer hunn d'Dimensiounen: 750 x 440 x 610 mm.
Wann Äre Pak an der PackUp 24/24 Statioun ukomm ass, kritt Dir eng E-Mail an/oder eng SMS Notifikatioun mat de PIN Coden, déi néideg sinn, fir Äre Pak ofzehuelen.