No hiren Droits-Studien zu Nanzeg, war d'Maître Sandy DOSTERT Afekotin um Barreau vu Lëtzebuerg während 5 Joër, an duerno fir 12 Joër als Juriste / candidate-notaire an enger Notaires-Étude ugestallt.
Sou konnt si zolid praktesch Erfahrungen sammelen, virop am Familjen- an Ierfschaftsrecht.
2016, ass d'Maître Sandy DOSTERT Notaire zu Wolz genannt ginn an huet 2022 d'Notariat zu Beetebuerg iwwerholl.
D‘Notaire DOSTERT an hir Mataarbéchter, déi all lëtzebuergesch, däitsch, franséisch an englesch schwätzen, lauschteren Iech no fir adaptéiert Léisungen fir Är perséinlech Situatioun ze fannen an alle Beräicher déi den Notariat interesséieren.
D'Bureauën sinn op vu Méindes bis Freides vun 08h00 bis 12h00 a vun 13h00 bis 17h00. Außerhalb vun dësen Öffnungszäiten, si mir op Ufro fir Iech do.
D‘Notaire DOSTERT ass am ganze Land zoustänneg an déplacéiert sech och bei Iech. Perséinlech Entretien’en ginn desweideren iwwert Video- oder Telefonskonferenz proposéiert.