Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Nettoyage Portela

          Botz 31 Tunnelstrooss L-9164 Lipperscheid (Lëpschent)
          Kuck d'Nummer 621 509 037 Itinéraire Websäit Kontakt Zerwisser

          Iwwer Nettoyage Portela

          Nettoyage Portela ass eng Botzfirma zu Lipperschied.

          Mat bal zwanzeg Joer Erfahrung am professionelle Botz, am Botz bei Privatleit souwéi och am Botz vu Firmen, si mir am ganze Lëtzebuerg am Asaz.

          Eis Clienten: Professioneller, Geschäftslokaler, medezinesch Strukturen, Privatleit, Dokteschpraxisen a Residenzen...

          Mir hunn d’Fäegkeet, och Haiser déi ganz staark verschmotzt sinn, erëm a Reih a Glidd ze bréngen – e puer vun eise Clienten soen esouguer, mir géifen „Wonner“ maachen.

          Bei Nettoyage Portela maachen mir alles fir eis Clienten ze zefridden ze stellen an hinnen d’Liewen ze erliichteren. Mir schaffen ganz gewëssenhaft a mat héije Fuerderungen, fir eng Leeschtung ze bidden, déi de Viruerteeler entsprécht.

          Flexibel a präzis si mir vu Méindes bis Freides am Asaz, an op Samschden wann néideg.

          Fir Offeren komme mir perséinlech op déi gewënschten Adress, fir dës zesummen opzestellen an de Präis festzeleeën. D’Offer gëtt duerno dem Client zougeschéckt mat Präis an Unzuel vun den Aarbechtsstonnen.

          Mir bidden och Mooss-Léisungen un, jee no de Besoinen vun eise Clienten.

          Eis Servicer:

          • Botz vu Privathaiser
          • Botz vu Büroen a Residenzen
          • Fënsterbotz
          • Desinfektioun
          • Bigele, Wäschen, Geschir, Buedzëmmer-Sanitär
          • Héichdrockbotz
          • Botz no engem Plënneren
          • Botz no enger Bauaarbecht
          • Fréijoers- a Geleeënheetsbotz
          • Botz vu Gaardeméiwwel

          Mir schaffen mat eise professionelle Botzprodukter (mir benotze biologesch Produkter jee no Verschmotzungsgrad), kënne awer och mat de Produiten vun eise Clienten schaffen, wann se dat wënschen.

          Braucht Dir eng Offer? Kontaktéiert eis ouni ze waarden per Telefon oder schéckt eis Är Demande per E-Mail – mir freeë eis drop, Iech séier ze äntwerten.

          Eis Artikelen

          Kontakt Persounen