MPG Sàrl ass e lëtzebuergesche Familljebetrib, deen 2006 gegrënnt gouf, a spezialiséiert ass op Trapelifter a Léisunge fir méi Barrièrefräiheet doheem. Mat iwwer 2.000 Installatioune bidde mir Trapelifter vun Otolift, Plattform- a Vertikallifter vun Ascendor a Lehner, Toilette- an Duschlifte vun Aerolet souwéi elektresch Mobilitéitsléisunge vu Rolektro un.
Mir kommen iwwerall zu Lëtzebuerg gratis bei Iech heem, kucken Är Besoinen a maachen Iech eng onverbindlech Offer. Mir hëllefen Iech och bei der Demande fir d'Fleegeversécherung; eng méiglech Käschteniwwerhuelung hänkt vun der Bewäertung an der Entscheedung vun der AEC/CNS of.
Installatioun, Ënnerhalt an dréngende Reparaturservice 24 Stonnen den Dag, 7 Deeg d'Woch.