
Milu’s Charming Star ass eng kleng familiär Golden Retriever Zucht zu Lëtzebuerg, registréiert bei der Fédération Cynologique Internationale (FCI). Mir si Memberen vum Retriever Club Luxembourg (RCL) an der Centrale du Chien de Chasse (CCC).
Eis Hënn liewen zesumme mat eis, am Häerz vun der Famill, ëmgi vu Léift, Fleeg an Natur.
Eist Zil ass et, Welpen ze züchten, déi net nëmmen schéin a gesond, mee och ausgeglach sinn a sech einfach an hir nei Famill integréiere kënnen.