Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Miau.lu by Casanova Jessica

          Personaliséiert Berodung L-3238 Bettembourg (Beetebuerg)
          Kuck d'Nummer 621 522 750 Itinéraire Websäit Rendez-vous

          Iwwer Miau.lu by Casanova Jessica

          • Consultatioun doheem
          • Online-Reservatioun
          • Visio Consultatioun

          Als Kazeverhalensberoderin zu Lëtzebuerg hëllefen ech Iech, d'Verhale vun Ärer Kaz an d'Facteuren, déi et beaflossen, besser ze verstoen. Meng Aarbecht baséiert op ethologeschen Erkenntnisser an aktuelle wëssenschaftleche Kenntnisser iwwer d'Verhale vu Kazen. Ech kommen bei Iech heem a beroden Iech bei Schwieregkeete ronderëm d'Kazentoilette, Spannungen tëscht Kazen, Bäissen, Kratzen, Stress, widderhueltem Miauen oder Schwieregkeeten, sech un Verännerungen oder nei Liewenssituatiounen unzepassen.


          Dir kënnt Iech u mech wenden, wann:


          • Är Kaz ausserhalb vun der Kazentoilette mécht oder d'Kazentoilette vermeit;
          • Är Kaz bäisst, kraazt oder aggressiivt Verhale weist;
          • Spannungen opkommen oder Konflikter tëscht Äre Kazen bestinn;
          • Är Kaz opfälleg vill miaut;
          • Är Kaz Miwwelen zerkraazt oder Géigestänn beschiedegt;
          • Är Kaz gestresst oder ängschtlech wierkt oder sech schwéier un eng Verännerung upasst;
          • Dir d'Besoine vun Ärer Kaz besser verstoe wëllt - souwuel am Allgemengen wéi och hirem Alter entspriechend (z. B. Kitten oder Seniorkaz);
          • Dir deemnächst ee Kitten, eng aner Kaz oder en anert Déier adoptéiert;
          • Dir geschwënn ee Puppelche kritt.


          All Rendezvous fänkt mat enger grëndlecher Analys vun Ärer Situatioun, dem Liewensëmfeld vun Ärer Kaz an hirer Virgeschicht un, fir d'Facteuren, déi dat observéiert Verhale beaflossen, besser ze verstoen. Duerno kritt Dir individuell Recommandatiounen, déi op Är Kaz, hiert Ëmfeld an Ären Alldag ofgestëmmt sinn.


          Meng Berodung ersetzt keng veterinärmedezinesch Consultatioun. Wann et néideg ass, recommandéieren ech Iech, Äre Veterinär oder Är Veterinärin opzesichen, fir eng méiglech medezinesch Ursaach auszeschléissen.


          Ech bidden och Atelieren zur Präventioun a Sensibiliséierung un, fir d'Besoine vun de Kazen besser ze verstoen an eng harmonesch Relatioun tëscht der Kaz an hirer Famill ze fërderen.

          Eis Artikelen

          Kontakt Persounen