LuxJim - IT Solutions, mat Sëtz zu Schëffleng, ass spezialiséiert op App-Entwécklung, innovativ IT-Léisungen, Kënschtlech Intelligenz (KI) souwéi IT-Support an d'Reparatur vun elektroneschen Apparater.
Mir begleeden Privatpersounen, Selbststänneger an Entreprisen mat zouverlässegen a personaliséierte Léisungen. Eis Expertise ëmfaasst d'Entwécklung vun Apps an digitale Léisungen, d'Integratioun vu modernen Technologien an KI-Léisungen, fir Prozesser ze automatiséieren an d'Leeschtung ze verbesseren. Mir entwéckelen ënner anerem d'Applikatiounen LëtzLearn an ZTraffic.
LuxJim bitt och e komplette Service fir IT-Dépannage an d'Reparatur vun elektroneschen Apparater: PCen a Macen (Apple, HP, Asus, asw.), Smartphonen, Tabletten a Spillkonsolen. Mir bidden eng séier Diagnos, dauerhaft Reparaturen a Servicer zu Schëffleng an am ganze Lëtzebuerg.