1988 gegrënnt, zielt d'Luxembourg Air Rescue (LAR) haut circa 185.000 Memberen a verfüügt aktuell iwwert sechs Rettungshelikopteren, zwee vum Typ Airbus H145 D3 a véier MD902. Iwwert hier operativ Duechtergesellschaft Luxembourg Air Services (LAS) bedreift d'LAR zudeem fënnef héichmodern Ambulanzjets, dorënner dräi Learjet 45XR an zwou Challenger 605. D'Missioun vun der LAR ass et fir duerch den Asaz vun de Rettungshelikopteren an Ambulanzjets d'Liewe vu Mënschen a Nout ze retten an hier Gesondheet ze erhalen - zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun a weltwäit. Mat circa 190 Mataarbechter stellt d'LAR déi héchste Standard an de Beräicher Medezin, Technik a Fluchbetrib sécher a steet mat hirer Alarmzentral ronderëm d'Auer a siwen Deeg an der Woch zur Verfügung.