Eis Ekipp
D’Firma Lignafor zu Dikrech setzt sech aus Forstingenieuren, Geographen, Forstechniker an Sylviculeuren zesummen, déi eng laangjäreg Erfarung am Forstsecteur hunn. Dës Erfarung bezitt sech och op Landschaftsplanung, Fräizäit a Tourismus souwéi op geographesch Informatiounssystemer (GIS).
Eis Berodung: Méiwäert fir Äre Bësch
Wann et drëms geet, de forstwirtschaftleche Rendement ze optimiséieren an esou richtege Méiwäert ze schafen, da si laangjäreg Erfarung an Weitsicht déi wichtegst Atouten vum Beroder. Eis ëmfaassend Berodung an e Komplettservice an alle Beräicher bilden d’Grondlag fir eng laangfristeg Zesummenaarbecht. Mir analyséieren Äre Bëschbesëtz, schwätzen iwwer Är Ziler a koordinéieren all Moossnamen, fir eng erfollegräich Valorisatioun z’erreechen.
Eis Ziler fir Äre Bësch
- Nohalteg Ënnerhalt vum Bësch an der Natur
- Erhéijung vun der Attraktivitéit a Stabilitéit vun de Standuerter
- Optimiséierung vum Rendement
- Reduktioun vun de Käschten
- Verbesserung vun der Rentabilitéit
Expertisen a Bëschwäertschätzungen
Unerkannt Experten stinn eise Clienten mat Rot a Dot zur Säit.
Bëschinventair an Kartographie
Kartographescht Material ugepasst un Är perséinlech Besoinen.
Bëschpläng an PSG (Plan Simple de Gestion)
Erhiewung vum Zoustand vum Bësch, detailléiert Kartographie – d’Grondlag fir eng rentabel Gestioun.
Standuertseegenschaften
Kenntnisser iwwer déi lokal hydrographesch a pedologesch Verhältnisser – eng wichteg Basis.
Zousätzlech Servicer
Successiounsverwaltung, Steierberodung am Forstsecteur, Kaf a Verkaf vu Liegenschaften, Subsidienufroen a Berodung.
Betribsgestioun, Berodung a Koordinatioun
Néideg Moossnamen a Forstarbechten – vun der Planzung bis zur Schlusskéier.
Organisatioun vu Holzverkeef
Kompetent Berodung, lukrativ Verkafserfolleger, asw.
Juegdorganisatioun
Wëldverwaltung, Schutzmoossnamen, Juegdanlagen, Populatiounsregulatioun, asw.