Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Lignafor SA OAI

          Energieberodung 27 Rue St Nicolas L-9263 Diekirch (Dikrech)
          Kuck d'Nummer 26 73 90 Itinéraire Websäit Kontakt yoys Privatbesch

          Iwwer Lignafor SA

          • Parking
          • Online-Accès

          Eis Ekipp

          D’Firma Lignafor zu Dikrech setzt sech aus Forstingenieuren, Geographen, Forstechniker an Sylviculeuren zesummen, déi eng laangjäreg Erfarung am Forstsecteur hunn. Dës Erfarung bezitt sech och op Landschaftsplanung, Fräizäit a Tourismus souwéi op geographesch Informatiounssystemer (GIS).

          Eis Berodung: Méiwäert fir Äre Bësch

          Wann et drëms geet, de forstwirtschaftleche Rendement ze optimiséieren an esou richtege Méiwäert ze schafen, da si laangjäreg Erfarung an Weitsicht déi wichtegst Atouten vum Beroder. Eis ëmfaassend Berodung an e Komplettservice an alle Beräicher bilden d’Grondlag fir eng laangfristeg Zesummenaarbecht. Mir analyséieren Äre Bëschbesëtz, schwätzen iwwer Är Ziler a koordinéieren all Moossnamen, fir eng erfollegräich Valorisatioun z’erreechen.

          Eis Ziler fir Äre Bësch

          • Nohalteg Ënnerhalt vum Bësch an der Natur
          • Erhéijung vun der Attraktivitéit a Stabilitéit vun de Standuerter
          • Optimiséierung vum Rendement
          • Reduktioun vun de Käschten
          • Verbesserung vun der Rentabilitéit

          Expertisen a Bëschwäertschätzungen

          Unerkannt Experten stinn eise Clienten mat Rot a Dot zur Säit.

          Bëschinventair an Kartographie

          Kartographescht Material ugepasst un Är perséinlech Besoinen.

          Bëschpläng an PSG (Plan Simple de Gestion)

          Erhiewung vum Zoustand vum Bësch, detailléiert Kartographie – d’Grondlag fir eng rentabel Gestioun.

          Standuertseegenschaften

          Kenntnisser iwwer déi lokal hydrographesch a pedologesch Verhältnisser – eng wichteg Basis.

          Zousätzlech Servicer

          Successiounsverwaltung, Steierberodung am Forstsecteur, Kaf a Verkaf vu Liegenschaften, Subsidienufroen a Berodung.

          Betribsgestioun, Berodung a Koordinatioun

          Néideg Moossnamen a Forstarbechten – vun der Planzung bis zur Schlusskéier.

          Organisatioun vu Holzverkeef

          Kompetent Berodung, lukrativ Verkafserfolleger, asw.

          Juegdorganisatioun

          Wëldverwaltung, Schutzmoossnamen, Juegdanlagen, Populatiounsregulatioun, asw.


          Kontakt Persounen