Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          LG Lux Construction SA

          Déifbau 17 Rue Léon Laval L-3372 Leudelange (Leideleng)
          Kuck d'Nummer 55 99 55-1 Itinéraire Websäit

          Iwwer LG Lux Construction SA

          • Parking

          LG LUX Construction ass eng allgemeng Baufirma, déi sech op d’Realisatioun vu schlesselfäerdege Projeten spezialiséiert huet, souwéi op d’Entwécklung an d’Optimiséierung vu Projeten schonn an der Virbereedungsphas an iwwer de ganze Liewenszyklus vum Projet.


          Mat engem Team, dat op komplementär Kompetenze baut, verbënnt LG LUX Construction Dynamik mat enger staarker Erfarung um Bausecteur.


          D’Wäerter Respekt, Dialog an Entrepreneurgeescht leeden d’Ekipppe vu LG LUX Construction am Alldag – vun den Etüden- an Administratiounsservicer iwwer d’Projetresponsabel am Beräich Rohbau, Ausbau an technesch Installatiounen bis hin zu den internen Ekippen am Groussbau. D’Notioun vum Dialog kritt hire ganze Sënn duerch den internen Austausch vun Erfarungen, awer och duerch dat konstruktivt a respektvollt Klima, dat Willemen Construction op senge Chantieren ëmsetzt, andeems Kompetenze mat Bauhären, Architekten, Ingenieursbüroen an externe Partner gedeelt ginn.


          LG LUX Construction ass houfreg op seng Realisatiounen, vun deenen déi meescht mat Ëmwelt-, Energie- a Sozialzertifizéierunge wéi BREEAM oder WELL Building ausgefouert goufen. Verschidde Projete goufen och mat der BIM-Method an der Etüden- an Chantierphas realiséiert.


          Dës Realisatioune betreffen ënner anerem:


          • Wunngebaier
          • Büro- an Administratiounsgebaier
          • Seniorenresidenzen
          • Commercegebaier
          • Fonctionell Gebaier (Schoulen, Administratiounen, Sportsgebaier, Spideeler, asw.)
          • Industriebauten


          LG LUX Construction ass Deel vun der Léon Grosse Grupp.


          Eis Artikelen

          Kontakt Persounen