D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten ///// LGS
sinn de gréissten edukative Jugendmouvement zu Lëtzebuerg.
Frënn, Aktivitéiten & Erfarunge fir d’Liewen. Bei den LGS packs de däi Rucksak voll mat onvergiessleche Momenter – zesumme mat iwwer 60 Millioune Guiden a Scouten weltwäit. Bei eis gëllt: Learning by doing - zesumme probéieren, entdecken a genéissen. Bass de bereet? Da fänk deng Rees bei engem vun eise 56 lokale Gruppen un.