An der Rue du Saint-Esprit, am Häerz vun der Alstad, befënnt sech de Lëtzebuerg City Museum, deen am Juni 1996 ageweit gouf. Genee wéi d'Stad, besteet och de Musée aus zwee Deeler: Wärend d'Etagen (0, 1, 2 an 3) ënner dem Agank an der Rue du Saint-Esprit déi sozial, wirtschaftlech a politesch Entwécklung vun der Stad erzielen, sinn déi iewescht Etagen (4 a 5) temporären Ausstellungen virbehalen. An dësen Ausstellungen beschäftegt sech de Musée mat gesellschaftlechen Themen, déi den aktuelle Suerge vu sengem multikulturelle Publikum aus dem In- an Ausland Rechnung droen.