
D’Affekotenetude LENTZ-LEHNEN Avocats à la Cour an der Stad Lëtzebuerg steet Iech mat Engagement an Mënschlechkeet bei all Äre juristeschen Ugeleeënheeten zur Säit.
Gegrënnt vun den Affekote Marc Lentz a Maximilien Lehnen, verfüügt eis Etude iwwer en erfueren, dynamesch, kompetent a méisproochegt Team.
Mir beroden a vertrieden Iech a follgende Beräicher: Strofrecht, Scheedungs- a Familljerecht, Aarbechtsrecht, Immobilierecht, Ierfschaftsrecht, Responsabilitéit an Entschiedegungen, Sozialrecht, Kassatiounsprozeduren an och allgemengt Zivil- an Handelsrecht.
Eis Prioritéit ass de Schutz vun Äre Rechter an d’Fanne vu effiziente Léisungen – dëst och duerch eng aussergeriichtlech Eenegung.
Kontaktéiert eis fir eng individuell, vertraulech an diskret juristesch Berodung.
Eis Missioun: Är Interessen ze verdeedegen!
KOMPETENZBERÄICHER
- Strofrecht
- Scheedungs- a Familljerecht
- Kanner- a Jugendrecht
- Ierfschaften
- Responsabilitéit a Schuedenersatzfuerderungen
- Kontrakter
- Immobilien- a Baurecht
- Creancen afuerderen