
Bonjour, oui pas de problème, je viens de les virer. Je te préviens encore quand j’arrive.
D’Firma LEITZ mat Sëtz zu Holzem a Lëtzebuerg versteet sech als e produktiounsorientéierte Serviceubidder.
Dat fänkt un mat technescher Berodung fir d’Clienten, fir hinnen ze hëllefen dat am beschten ugepasst Wierkzeg aus dem Leitz-Programm ze wielen, a geet iwwer den Ofhuel- an Zouréckliwwerservice fir d’Reparatur an d’Neiopbereedung vun den Wierkzege bis hin zur kompletter Iwwerhuelung vun der Wierkzegverwaltong am Kader vum Tool Management, sou wéi et zesumme mam Client ofgeschwat ginn ass.
D’Servicer vu LEITZ si personaliséiert – quasi eng Moossléisung – déi op d’Ufuerderungen an d’Wënsch vum Client zougeschnidde gëtt.
Dat erméiglecht de Clienten, sech voll op hir Kärkompetenzen an hiren Haaptberuff ze konzentréieren, fir domat dat Maximaalt aus hirem Prozess erauszeschloen.