TERRASSEN UND TERRASSENDIECH
Nieft der "klassescher" Schräinerkonscht mat all senge Facetten, bitt WANDWERK och d'Planung an d'Realiséierung vun Ärer Terrass un. Ëmmer mat enger stabiler Aluminium-Ennerkonstruktioun. Et ass eng breet Palett vu Materialien disponible fir d'Placken. Nieft verschiddenen Holzzorten bitt WANDWERK och exklusiv, FSC-zertifizéiert Hëlzer wéi Bangkirai, Bongossi oder Teak.
ÄR VIRDEELER
Exklusiv, FSC-zertifizéiert Hëlzer
Individuell Designoptiounen
Verschidde Materialien
Kompetent Berodung
100% Handwierkskonscht
En iwwerdaacht Fläch dobausse bitt eng Villfalt vu Méiglechkeeten. Wëllt Dir e Kaffi an enger geschützter Atmosphär genéissen oder Frënn treffen fir e Grillowend? Déi ugebaut oder fräi stoend Konstruktiounen aus Holz oder Aluminium bidden Ärer Fantasi keng Grenzen. E Glasdach mat integréierter Photovoltaik reduzéiert net nëmmen Är Stroumkäschten a mécht Iech méi onofhängeg, et bitt Iech och Plaz fir Är individuell Iddien.
ÄR VIRDEELER
Dobaussen och bei schlechtem Wieder
Perfekt no Äre Besoinen
Viel verschidde Méiglechkeeten
Kompetent Berodung
100% Zefriddenheetsgarantie