SDK Akademie
Kompetenzzentrum – am Interessi vun eiser nationaler Ekonomie
Am Kader vum nationale Plang vun der Offallgestioun a fir eng nohalteg Entwécklung ass et d’Aufgab vun der SDK sech fir eng ëmweltfrëndlech, energiebewosste Gestioun, am Respekt mat der Matière première, anzesetzen.
Am private Beräich
Zesumme mat Konsumentenassociatiounen a mam Handel setzt d’SDK sech fir en nohaltegen an intelligente Konsum an, d.h., Vermeide vun Offall a Kaf vun ökologescher Produiten. Vum SDK-Zenter aus ginn all dës Aktivitéite koordinéiert.
Ekonomie
An der Ëffentlechkeet héiert ee leider ëmmer nach, datt d’Moossname fir d’Ëmwelt ze schounen, wéi Offalltrennen oder alternative Produiten ze gebrauchen, fir e Betrib ze deier ginn. Mä d’Erfarung vu ville Betriber huet ewell bewisen, dat genee de Géigendeel zoutrëfft. Eng ekologesch Offallsgestioun bréngt manner Käschten an etlech aner Virdeeler, wéi z.B., an der Gesondheetspreventioun.
SDK Akademie
D’SDK Akademie ass d’Sensibiliséierung-, Opklärungs-, Bildungs- a Qualifizéierungsorgan vun der SDK. D’SDK Akademie konzentréieren sech un di ganz Gesellschaft a verfollegt folgend Missioun: Duerch zukunftsorientéiert Bildung, nohaltegt Handelen allgemeng fërderen an zougänglech maachen.
Méi Informatioune fann Dier hei: https://sdk.lu/lb/startsait/sdk-akademie/