Concertverleih vu Pianoen
Egal ob fir dat usprochsvollst Piano-Concert, eng Hochzäit, e Gebuertsdag oder e Jubiläum: Bei eis fannt Dir dat richtegt Instrument fir Ären Event. Ob Digitalpiano, Piano aus der Mëttelklass, klenge Fligel oder grousse renomméierte Concertfligel – mir verlounen Iech e passenden Instrument no Äre Pläng an Uspréch. Natierlech bidde mir Iech och eise professionelle Concertdéngscht duerch eis Steinway-geschoulte Piano-Techniker un.