Transport vu Pianoen a Fligelen
Eist erfuert Transportteam iwwerhëlt gären den Transport vun Ärem Piano oder Ärem Fligel.
Ärt Instrument ass bei eis a gudden Hänn.
Eis geschoulten Transporter bréngen Äert Instrument sécher an Äert neit Doheem oder bei déi nei Besëtzer. Mat professionellem Equipement ausgestatt, kënne mir Pianoen a Fligelen och iwwer méi Etagen transportéieren. Ofhängeg vum Opwand an der Distanz vum Transport empfeele mir Iech gären och Speditiounen, déi sech op den Transport vun dësen schwéiere Instrumenter spezialiséiert hunn.