Migratioun vu Windows op Linux / Zorin OS
Gëtt Äre Computer ënner Windows lues, oder ass e mat den neie Versiounen net méi kompatibel? Zu Lëtzebuerg hëllefen ech Iech beim Wiessel op Linux, besonnesch Zorin OS, eng einfach Alternativ, déi Windows ganz ähnlech ass. Backup virdrun, Installatioun, Transfert vun Äre Fichieren, Konfiguratioun vu Messagerie, Browser, Drécker a Software. Ech weisen Iech d'Basis fir e rouegen Ufank, op engem Computer, dee méi liicht leeft.