Déi komplett Versécherung fir Äert Doheem
easyPROTECT Haus a Wunneng ass eng Multirisk-Hausversécherung, déi sech un Är Besoinen an Ufuerderungen upasst an Iech d'Liewe méi einfach mécht.
Méi flexibel, gëtt easyPROTECT Haus a Wunneng den Erwaardunge vu jidderengem gerecht. Dir wëllt eng Assurance à la carte mat villen Optiounen zur Auswiel? Dir hätt léiwer eng All-inclusive-Formule? Béides ass méiglech.
Ob Dir an Ärem eegenen oder an engem gelountenen Haus oder Appartement wunnt, easyPROTECT Haus a Wunneng bitt Iech en ëmfaassende Versécherungsschutz, dee sech perfekt un Äre Liewensstil upasst.
Personaliséiert Äre Versécherungskontrakt a schützt Äert Doheem a seng Dependancë géint all Zorte vu Schied, ouni onerwaart Käschten.
Frot elo Äre gratis a personaliséierten Devis fir easyPROTECT Haus a Wunneng un.