GESONDHEET
GESONDHEET – medicis: Eng optimal Prise en charge vun der Gesondheetsfleeg fir Är ganz Famill
D’Zousaz-Gesondheetsassurance medicis confort ergänzt d’Prestatioune vun der Gesondheetskeess a garantéiert eng finanziell Ënnerstëtzung am Eeschtfall.
D’Stäerkte vu medicis confort
- Ofsécherung bis zu 100 % vun de Fraise fir ambulant Behandlungen, Fraise fir Medikamenter an therapeutesch Hëllefsmëttel, Zännfleeg
- Garantie fir eng integral Ofsécherung vun de Klinik-Fraisen
- Fräie Choix vum Dokter a vun der Klinik
- Deeglech Indemnitéit, fir all Dag an der Klinik
- Assistance fir Kanner
Fir einfach Är Klinik-Fraisen ze decken: medicis hospi+ ass déi ideal Léisung
D’Assurance medicis hospi+ ergänzt sënnvoll d’Agräife vun der Caisse Nationale de Santé (CNS), fir Iech am Fall vun enger Hospitalisatioun a ganz Europa eng maximal Ofsécherung ze bidden. Si garantéiert en optimale Confort bei enger Hospitalisatioun.
D’Stäerkte vu medicis hospi+
- Fräie Choix vun der Klinik a ganz Europa
- Indemnisatioun vun de Behandlungsfraisen an der 1. Klass
- Direkt Prise en charge vun de Fraise bei der Klinik
- Ofsécherung vun der pre- a post-operativer Fleeg während 30 Deeg virum an 90 Deeg nom Agrëff
- medicis hospi+ gräift esouguer, wann et keng Autorisatioun fir en Transfert an d’Ausland säitens der CNS gëtt
Mat der Applikatioun mymedicis kënnt Dir direkt Är Remboursementsufroen am Beräich Gesondheet mat e puer Klicke vun Ärem Smartphone aus schécken.
Gitt op eise Site a maacht online eng Simulatioun.