D'„Mini-Crèche Bëschmais Kaul“ hëlt bis zu 11 Kanner am Alter vun 2 bis 4 Joer op, a zwar vu Méindes bis Freides, vu 06:30 bis 19:00 Auer.
Mir schaffen mat de Kanner op der Basis vun enger Natur- a Bëschpedagogik an engem héichwäertege Kader vun der net-formeller Bildung. Nieft dem natierlechen Ëmfeld – dat dozou ureegt, Saachen ze entdecken an ze experimentéieren – leeë mir grousse Wäert op d'Participatioun vun de Kanner an op d'Wäertschätzung vun all eenzelt Kand.