Kannerhaus Wooltz ass eng Asbl, där hiert Zeil et zënter der Grënnung am Joer 1981 ass, schaffend Elteren ze hëllefen, Familljen a Beruffsliewen am Gläichgewiicht ze halen.
Kannerhaus Wooltz asbl bedreift Bildungs-a Kannerbetreiungsariichtungen an innovéiert duerch hier Bildungsprojeten.
Respekt ass am Zenturm vun eisem professionnellen an edukativen Usaz. En dréckt sech duerch Toleranz, Versteesdemech, Participatioun, Solidaritéit, Loyalitéit, Unerkennung an Entwécklung vun den individuellen Stäerkten a Fäegkeeten vun de Kanner an eise Mataarbechter aus , sowéi d'Unerkennung vu Grenzen a Schwächten.