
De Couturier de la Cuisine zu Bäreldeng ass an der zweeter Generatioun.
Den Här Andy Engel huet de Buttek vu sengem Papp am Joer 2004 iwwerholl.
Mir si Spezialisten a modernen, integréierten Abaukichen.
Entdeckt ëmmer déi leschten Neiegkeeten am Beräich Kichen, Aarbechtsflächen aus Granit, Quarz a Keramik, souwéi déi modernsten Hausgeräter an eiser 500 m² grousser Ausstellung.
Eis Stäerkten:
- Mataarbechter mat enger technescher Ausbildung op héijem Niveau
- Eis eege professionell Montageequipe mat vill Erfarung
- Präzis 3D-Planung vun Ärer Kichen
- Eng grouss a modern Ausstellung
- Héichwäerteg Kichemiwwelen zu ganz raisonnabele Präisser
- Einfachen Zougang iwwer d’Haaptstrooss
- Grousse Parking direkt virun der Dier