D’Firma GRELLMANN Fire Protection zu Wiltz ass an de leschte 10 Joer zur gréisster Feierschutzfirma am Éislek ginn. Eise Succès baséiert op der Séierkeet vun eisem Service an op héichwäertege Produkter vun renomméierten Hiersteller wéi GLORIA, FlammEx, FireAngel, asw.
Eist Team leet groussen Wäert op Clienteservice a mécht et sech zur Aufgab, iwwer d’Fonctiounsweis vum Material virum Kaf esou gutt wéi méiglech ze beroden an ze informéieren.
D’Louerung vu qualitativ héichwäertege Feierlöscher op kuerz- oder laangfristeg Basis ass ideal sou fir privat Einfamiliehaiser wéi och fir Appartementkomplexer. Eis Louerfeierlöscher kommen mat eisem séieren „All-inclusive*“-Service.
Mir bidden eng grouss Auswiel u Première-Hëllef-Këschten a Sécherheetsplacken vun all Zort.
Eis Firma bitt dës Déngschtleeschtungen no de héijen Ufuerderungen vun der lëtzebuergescher Organisatioun FEIERSCHUTZ a conform der Norm DIN 14 406-EN 3 un.
Mir schaffen mat héichwäertegem Material. Är Sécherheet ass eis Kompetenz!