Zanter méi wéi 30 Joer steet de Gran-Sasso zu Schieren fir traditionell italienesch Kichen. D’Franca Santavicca huet iwwer vill Joren de gudde Ruff vum Restaurant matgepräägt, zesumme mam Paula Fontelas, dat mëttlerweil d’Leedung iwwerholl huet an d’Traditioun vum Haus weiderféiert.
Am Gran-Sasso gëtt vill Wäert op Frëschheet geluecht: d’Platen gi mat frësche Produiten preparéiert. Op der Kaart fannt Dir ënner anerem Pizzaen aus dem Holzuewen, frësch Nuddelen an italienesch Spezialitéiten.
De Restaurant bitt och e Dagesmenü fir 14,50 € un, mat Entrée an Haaptplat oder Haaptplat an Dessert.
A wann Dir d’Kiche vum Gran-Sasso léiwer doheem genéisse wëllt, kënnt Dir all d’Platen op der Kaart mathuelen.
Loscht op italienesch Kichen zu Schieren? De Gran-Sasso freet sech op Äre Besuch. Denkt w.e.g. drun, Ären Dësch telefonesch ze reservéieren.