Elektrolights bitt Iech eng komplett Offer u Servicer am Beräich vun Bannen- an Baussebeliichtung, elektresche Verkabelungssystemer an Hausautomatisatioun.
Mir bidden Beliichtungsléisungen, déi net nëmmen funktionell sinn, mee och d’Architektur vun engem Raum ervirhiewen an a richtegt Liicht setzen. Esou hëlleft d’Beliichtung d’Ambiance ze schafen, déi Dir engem Raum oder enger Plaz ginn wëllt – souwuel dobannen wéi och dobaussen.
Je no Äre Besoinen beroden mir souwuel Fachleit wéi och Privatleit bei der Konfiguratioun an der Auswiel vun de Luuchten.
Mir iwwerhuelen all elektresch Installatiounen (Verkabelung, Uschlëss, Schaltmontagen, asw.).
Mir si spezialiséiert an der Installatioun vu Hausautomatisatiounssystemer, déi eng intelligent Beliichtung erlaben, déi Komfort a Stroumspuerung kombinéiert. Zousätzlech kënnt Dir domat Är Alarmanlag, Videoiwwerwaachung, Heizung, Klimaanlag, Rollläden an aner Geräter aus der Distanz steieren.
Fir weider Informatiounen kontaktéiert eis w.e.g. per Telefon.