Wëllkomm bei Electro-Home Hosingen & Wiltz, äre Fachhandel fir Elektresch Geräter am Norden vum Lëtzebuerg!
Mir beroden Iech gär wann Dir no Haushaltsgeräter, Konsumentenelektronik oder héichwäertegen elektreschen Installatiounen sicht. Fir Ären Akaf esou einfach wéi méiglech ze maachen, këmmeren mir eis och ëm d'Liwwerung, d'Installatioun an d'Uschloss vun de Produkter. Sollt e Gerät jeemools Problemer maachen, kommen eis Techniker vum internen Clientsservice gären bei Iech fir et ze reparéieren an Iech Hëllef an Berodung ze bidden.
Electricité Op der Lann steet Iech zu Wiltz, Avenue Nicolas Kreins, zënter 2009 zur Verfügung. Fir eis Servicepalette ze erweideren an ze optimiséieren, sinn mir zënter November 2019 och bei Electro-Home zu Hosingen (ZAER op der Héi) fir Iech do.
Zënter dem 01/01/2023 hunn eis zwee Geschäfter hir Aktivitéiten ënner dem selwechten Numm vereenegt, nämlech – ELECTRO-HOME Hosingen & Wiltz.
Mir schaffen enk mat FD Electric zu Hosingen zesummen, fréier Fautsch & Duprez, fir Iech all Zort vun elektreschen Installatiounen unzebidden, wéi z.B. Alarmsystemer, Photovoltaiksystemer, asw.
Eis breet Produktpalette ëmfaasst all déi üblech Marken wéi Miele, Bosch, Siemens, AEG, Krups, Philips, Samsung, asw. Wann Dir de Produkt, deen Dir sicht, net op dëser Websäit fannt, kontaktéiert eis – mir hunn nach vill aner Produkter op Lager fir Iech.
Mir freeën eis op Äre Besuch a beäntweren natierlech och gär all Är Froen iwwer Telefon.