Zanter Generatioune steet de Wënzerbetrieb Keyser-Kohll fir eng familiär geféiert Entreprise, déi sech mat grousser Passioun der Produktioun vun héichwäertege Wäiner a Crémante verschriwwen huet. Eis Wéngerte leien an den eenzegaartege Lage vun Ehnen, Wormer an zënter e puer Joer och zu Schengen.
D’Villfalt vun dësen Terroiren ass ee vun de Piliere vun eiser Philosophie. All Lag huet hire ganz eegene Charakter a bitt eis d’Méiglechkeet, déi wichtegst Qualitéitsfacteuren gezielt mateneen ofzestëmmen – vun der Wiel vun de Riefzorten iwwer d’Beschafenheet vum Buedem bis hin zu de geologesche Besonneschkeete vun all eenzeler Lag.
Qualitéit entsteet am Wéngert. Mat präziser, gewëssenhafter an nohalteger Aarbecht begleede mir eis Riewen duerch dat ganzt Joer a leeë besonnesche Wäert op den Aklang mat der Natur. All Detail, deen de Charakter an d’Qualitéit vun eise Wäiner beaflosse kann, gëtt mat grousser Opmierksamkeet berécksiichtegt. Dobäi spille souwuel en ëmweltbewosste Virgoen an önologesch Präzisioun wéi och de richtegen Zäitpunkt vun der Drauwelies eng entscheedend Roll.
Haut, an der drëtter Generatioun, gëtt den Domaine vum Martine Kohll a Frank Keyser geféiert. Hir gemeinsam Passioun fir déi typesch Wäiner vun der Lëtzebuerger Musel, kombinéiert mat der Erfarung, déi iwwer Generatioune weidergi gouf, an dem stännege Wonsch, sech weiderzeentwéckelen, schaaft eng harmonesch Verbindung tëscht Traditioun an Innovatioun, Patrimoine a Modernitéit.
Bei der Famill Keyser-Kohll ass all Fläsch en Ausdrock vun hirer Hierkonft – gepräägt vum Terroir, gedroe vun der Erfarung a mat Passioun geschaf.