No beim Stadzentrum geleeën, läit d’Crèche an engem groussen, grénge Park, wou d’Kanner tëscht 3 Méint an 4 Joer vill Zäit dobausse verbrénge kënnen.
Mir bidden eng Betreiung a Vollzäit oder Deelzäit an enger aussergewéinlecher Infrastrukur un.
Eis pädagogesch Approche baséiert op der Freed un der Beweegung, dem Spill an der Entdeckung vun der Ëmgéigend.
D’Qualitéit vun eise selwer gekachten Iessen, d’Stabilitéit vum edukative Team an de Räichtum vun den emotionalen a sozialen Bezéiunge droen zum Wuelbefanne vun de Kanner bäi, déi mir betreien.
Mir huelen Service-Schecken un.
Zouloossungsnummer: SEAJ 20170113