E Besuch bei Copal ass vill méi ewéi nëmmen Akafen am Supermarché. Et ass eng Plaz, wou Dir flott Momenter mat der Famill, Frënn oder Nopere verbrénge kënnt.
Hei kënnt Dir Är Akeef an enger entspaanter Atmosphär maachen a gläichzäiteg eppes fir Iech selwer genéissen. Huelt Iech Zäit an eisem grousse Entréesberäich, entdeckt déi aktuell Offere vu Match, taucht an eng Welt vu kulinaresche Genëss am neie Restaurant Urban an oder trefft einfach Är Frënn a Famill.
Léif Clientinnen a Clienten!
Mir informéieren Iech, datt Äert Akafszenter den 24. an 31. Dezember vun 8:00 bis 16:30 Auer op ass.
Den 25. a 26. Dezember souwéi den 1. Januar 2025 bleift den Akafszenter zou.
Mir wënschen Iech schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer.