E Besuch bei Copal zu Mertert ass vill méi wéi nëmmen an de Supermarché akafen ze goen. Et ass eng Plaz, wou Dir flott Momenter mat der Famill, mat Frënn oder mat Nopere verbrénge kënnt.
Hei kënnt Dir ganz entspaant akafen an Iech dobäi eppes Guddes doen. Huelt Iech Zäit an eisem grousse Entréshaal, entdeckt déi aktuell Offere vu Match, taucht an eng Welt vu kulinaresche Genëss am neie Restaurant Urban an, oder trefft Iech einfach mat Äre Frënn a Famill.
Léif Clientèle!
Mir informéieren Iech, datt Äre Shopping Center de 24. an 31. Dezember vun 8:00 bis 16:30 Auer op ass.
De 25. an 26. Dezember souwéi den 1. Januar 2025 bleift en zou.
Mir wënschen Iech schéi Feierdeeg zum Joresenn.