Zënter Mäerz 2014 begréisst Iech dat mëttlerweil bekannte Moudegeschäft CHEZ L am „Ieselsbuer“ zu Dikrech.
Mat der kompetenter Berodung vu Simone a Lynn Winandy fannt Dir bei CHEZ L eng grouss Auswiel u Dammemoud ab der Gréisst 38, mat enger Spezialiséierung op d'Gréisste 44 bis 56++.
Dank renomméierte Marke wéi Chalou, Ophilia, Sempre Piu a Verpass, souwéi de bequemen Hosen vu Robell an Twister, fannt Dir garantéiert de perfekte Look, elegant a modern, fir all Joreszäit an all Geleeënheet.
Och passend Accessoiren sinn am Geschäft ze fannen.
Déi zwou Besëtzerinne leeë besonnesch vill Wäert op europäesch Moud, déi ënner fairen Aarbechtsbedéngunge produzéiert gëtt, an op eenzegaarteg an originell Kleedungsstécker.
Déi reegelméisseg Videoen op Facebook, an deenen déi nei Kollektioune virgestallt ginn, erfreë sech enger ëmmer méi grousser Beléiftheet bei treie Clientinnen an neie Visiteusen.