Zanter dem Joer 2000 op, gehéiert d’Résidence Riedgen der Gemeng Stroossen a bitt privat a gemittlech Appartementer un.
D’Résidence hëlt virun allem selbststänneg Persounen op, déi vun engem Team vu 25 Mataarbechter begleet ginn, an enger ganz agreabeler a familiärer Atmosphär.
Matten am Park « Riedgen » gelegen, erméiglecht d’Résidence de Bewunner, eng gréng Oas ze genéissen. De Park ass fir jiddereen op a léisst sech gläichermoossen fir Entspanung wéi och fir gesellegt Zesummesinn notzen.