D’Kand mat enger motorescher Behënnerung soll, esou wäit wéi méiglech, vu Konditioune profitéieren, déi seng Entwécklung fërderen: den Erhalt vun den affektive Bezéiunge mat sengem familiären Ëmfeld souwéi eng Erzéiung a Sozialiséierung, déi op seng Integratioun ausgeriicht sinn.
De Centre pour le développement moteur huet d’Aufgab, de spezifeschen edukative Besoine vu Kanner a Jonken entgéintzekommen, déi vun enger Behënnerung betraff sinn, déi op motoresch oder kierperlech Problemer oder op eng verspéit motoresch a kierperlech Entwécklung zeréckzeféieren ass.
De Zentrum hëlt Kanner a Jonker op, déi eng motoresch oder kierperlech Behënnerung an/oder eng Mehrfachbehënnerung hunn, déi aus enger wesentlecher, dauerhafter oder definitiver Beanträchtegung oder Aschränkung resultéiert.
Spezialiséiert Berodungsdokteren an den Beräicher Orthopädie, funktionell Rehabilitatioun, Neurologie a Pädiatrie schaffen reegelméisseg mam Zentrum zesummen.