Carshine ass eng Firma, déi zënter 1996 am Beräich vum Automobil spezialiséiert ass a sech zu Bartreng am ënnerierdesche Parking vum Akafszenter La Belle Etoile befënnt.
Mir bidden Iech eng ganz Gamme u Fleeg fir Ären Auto, vum bannenzege wéi äusserleche Botzen mat der Hand an Waasser, iwwer Keramik-Poléieren, d’Montage vun donkele Scheiwen, bis hin zu engem komplette Shampoing...
Carshine ënnerstëtzt Iech och bei der administrativer Gestioun vun Ärem Gefier, Aschreiwung, Ofmeldung, Import, Passage bei den technesche Kontroll, Gestioun vun Reparaturen an Ënnerhalt, Pneuenwiessel…
Mir këmmeren eis fir all Servicer ronderëm Ären Auto, awer och ëm de Fleetservice fir Betriber.
Carshine, fuert, mir këmmeren eis ëm de Rescht!
Kontaktéiert eis telefonesch fir méi Informatiounen.