Gegrënnt am Joer 1856, ass d'Banque Internationale à Luxembourg déi eelst Multi-Beruffer Bank vum Groussherzogtum. Retailbank, Privatbank, Entreprisebank an Acteur op de Finanzmäert, d'BIL ass haut ee vun de Pilieren vun der Lëtzebuerger Finanzplaz. Zënter hirer Grënnung spillt si eng aktiv Roll an der Entwécklung vun der Wirtschaft vum Land an der Groussregioun.
Zu Lëtzebuerg ass d'BIL eng vun de wichtegste Retailbanken dank hirem Agencenetz. Si ënnerstëtzt och d'PMEen an déi grouss Entreprisen aus der Regioun bei hirem Entwécklungsprojeten.
Niewent hirem Verankeren zu Lëtzebuerg ass d'BIL och international präsent fir hir Aktivitéit als Privatbank: an der Schwäiz an a China.
Egal wéi d'Besoine vun hire Clienten sinn, d'BIL bitt déi ugepasste Servicer: Online Banking fir méi Autonomie, an eng perséinlech Begleedung vun hirem Expertenberoder fir hir privat a berufflech Projeten.
Stänneg zu Ärem Déngscht
Är Agence
BIL Shop, BIL Office an BIL House hunn zum Zil Iech eng personaliséiert Approche unzebidden fir Är Projeten erfollegräich ëmzesetzen. D'Flexibilitéit vun den Rendez-vous Zäiten tëscht 8 Auer a 19 Auer erlaabt Iech e passenden Zäitpunkt ze fannen fir d'Berodung vun engem Expert ze kréien.
BILnet
Direkten an instantanen Zougang 24/7 op Är Konten fir alldeeglech Operatiounen iwwer Tablet, Smartphone, PC duerchzeféieren.
Distributeuren servibank+
Abezuelung an Austrëtt vu Bargeld, inklusiv fir Devise an d'Währungswiessel, an den servibank+ Terminaler 24/7.
BIL Client Care Center
Kontakt iwwer séchere Message via BILnet oder per Telefon.
Fir méi Informatiounen, besicht eis Websäit.