Gegrënnt am 1856, ass d'Banque Internationale à Luxembourg déi eelst Multi-Beruffsbank vum Groussherzogtum. Retailbank, Privatbank, Entreprisebank a Finanzmäert-Akteur, d'BIL ass haut ee vun de Pilieren vun der Lëtzebuerger Finanzplaz. Zënter hirer Grënnung spillt si eng aktiv Roll an der Entwécklung vun der Wirtschaft vum Land an der Groussregioun.
Zu Lëtzebuerg ass d'BIL eng vun de wichtegste Retailbanken dank hirem Agenturnetz. Si ënnerstëtzt och d'PMEen an déi grouss Entreprisen aus der Regioun bei hirem Entwécklungsprojeten.
Nieft hirer Verankerung zu Lëtzebuerg ass d'BIL international präsent fir hir Aktivitéit als Privatbank: an der Schwäiz an a China.
Egal wéi d'Besoine vun hire Clienten sinn, d'BIL bitt déi ugepasste Servicer: Online Banking fir méi Autonomie, a personaliséiert Begleedung vun hiren Expert-Beroder fir hir privat a berufflech Projeten.
Stänneg zu Ärem Déngscht
Är Agence
BIL Shop, BIL Office an BIL
House hunn zum Zil Iech eng personaliséiert Approche unzebidden fir Är Projeten erfollegräich ëmzesetzen. D'Flexibilitéit vun den RDV-Zäiten tëscht 8 Auer a 19 Auer erlaabt Iech e passenden Zäitpunkt ze fannen fir d'Berodung vun engem Expert ze kréien.
BILnet
Direkten an instantanen Zougang 24/7 op Är Konten fir alldeeglech Operatiounen iwwer Tablet, Smartphone, PC duerchzeféieren.
Servibank+ Automaten
Geld anzeleeën an erauszehuelen, inklusiv fir Devise an Währungswiessel, an den Servibank+ Terminaler 24/7.
BIL Client Care Center
Kontakt iwwer sécher Messagerie via BILnet oder per Telefon.
Fir méi Informatiounen, besicht eis Websäit.