Gegrënnt am 1856, ass d'Banque Internationale à Luxembourg déi eelst Multi-Beruff Bank vum Groussherzogtum. Retailbank, Privatbank, Entreprisebank a Finanzmäert Akteur, d'BIL ass haut ee vun de Pilieren vun der Lëtzebuerger Finanzplaz. Zënter hirer Grënnung spillt si eng aktiv Roll an der Entwécklung vun der Wirtschaft vum Land an der Groussregioun.
Zu Lëtzebuerg ass d'BIL eng vun de féierende Retailbanken dank hirem Agenturnetz. Si ënnerstëtzt och d'PMEen an déi grouss Entreprisen aus der Regioun bei hirem Entwécklungsprojeten.
Nieft hirem Verankeren zu Lëtzebuerg ass d'BIL international präsent fir hir Aktivitéit als Privatbank: an der Schwäiz an a China.
Egal wéi d'Besoine vun hire Clienten sinn, d'BIL bitt déi ugepasste Servicer: Online Banking fir méi Autonomie, a perséinlech Begleedung vun hirem Expertenberoder fir hir privat a berufflech Projeten.
Stänneg zu Ärem Déngscht
Är Agence
BIL Shop, BIL Office an BIL
House hunn zum Zil Iech eng personaliséiert Approche unzebidden fir Är Projeten erfollegräich ëmzesetzen. D'Flexibilitéit vun den Rendez-vous Zäiten tëscht 8 Auer a 19 Auer erlaabt Iech e passenden Zäitpunkt ze fannen fir d'Berodung vun engem Expert ze kréien.
BILnet
Direkten an instantanen Zougang 24/7 op Är Konten fir alldeeglech Operatiounen iwwer Tablet, Smartphone, PC auszeféieren.
Servibank+ Automaten
Geld anzeleeën an ofzehiewen, och fir Devise an Geldwiessel, an den Servibank+ Terminals 24/7.
BIL Client Care Center
Kontakt iwwer sécher Messagerie via BILnet oder per Telefon.
Fir méi Informatiounen, besicht eis Websäit.