
Éischtklasseg Déngschter ronderëm d'Reinigung an d'Moderniséierung vu Kamäiner an Uewen.
Wëllkomm bei Backes Jos – Äre Kamäinbotzer, Äre Spezialist fir Kamäin- a Uewen zu Gréiwemaacher.
Mäin Numm ass Marco Backes, an ech sinn Äre Kamäinbotzer zu Lëtzebuerg.
at méi wéi 10 Joer praktescher Erfarung bidden ech Iech eng propper Aarbecht an e Service, deen op de Client ausgeriicht ass.
Mat eiser Expertise garantéiere mir Sécherheet a Zefriddenheet fir eis Clienten.
Mir ënnerstëtzen Iech net nëmmen bei der Auswiel vum passende System, mee mir iwwerhuelen och all d’Ënnerhaltsaarbechten, déi fir e reibungslosen an sécher Betrib noutwenneg sinn.
Gär berode mir Iech zu de Themen Brandschutz, Sécherheet vun Ären Ulagen, Ënnerhaltsintervaller an Neiinstallatiounen.
Mir schwätzen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.
Ech freeë mech, Iech kennenzeléieren.
Eis Servicer:
- Kamäin botzen
- Kamäin Renovatioun
- Uewen Bau
- Botzen vun Daach an Rennen
- Reparaturaarbechten a Beschichtung
- Botzen vun Solarsystemer
- Botzen vun Belëftungssystemer
- Noutfall Service (schnell Hëllef och ausserhalb vun de Öffnungszäiten)
Firwat mir?
Well Qualitéit kee Zoufall ass.
Mat méi wéi 10 Joer Erfarung stoe mir fir en héichwäertege Service – vum Kamäin bis zum Solarpanel.
Mir verbannen traditionellt Handwierk mat modernen Techniken a suerge fir sécher, effizient a laanglieweg Anlagen.
Wat eis auszeechent:
Zouverlässegkeet:
Pünktlech, propper, éierlech – doropper kënnt Dir zielen.
Fachwëssen:
Kontinuéierlech Weiderbildung an iwwerpréifte Qualitéit sinn bei eis Standard.
Transparenz:
Fair Festpräisser an éierlech Berodung – ouni verstoppte Käschten.
Regional Verbonnenheet:
Als Betrib aus Lëtzebuerg kenne mir d’Besoinen vun eise Clienten.
Komplettservice:
Vum Ënnerhalt bis zur Neiinstallatioun – alles aus enger Hand.
Transparenz ass eis ganz wichteg. Dowéinst enthalen all eis Devisen eng Festpräis-Garantie!