AWI Clean, mat Sëtz zu Käl, ass eng villfälteg Botzfirma, déi souwuel fir Privatleit wéi och fir Betriber schafft.
Mat engem erfuerene Team bitt d'Entreprise eng breet Palette u Servicer un, dorënner Botz nom Auszuch, Botz nom Chantier, Fënsterbotz, Daachbotz, Fassadbotz, Botz vu Pavéen, souwéi den komplette Botz- an Ënnerhaltsservice vu Haiser, Residenzen a Büroen. Zousätzlech iwwerhëlt AWI Clean reegelméisseg Hausbotz, Entrëmpelungen, Gaardenaarbechten (Wiss méinen, Beem schneiden, Pavéen botzen) an de Wanterdéngscht fir Privat- a Geschäftsklienten.
AWI Clean schafft schonn mat grousse Betriber wéi Cactus an Total zesummen, e Qualitéitszeechen fir Professionalitéit a Verlässlechkeet.
An der Summersaison setzt AWI Clean e besonnesche Fokus op d'Botz vu Solarpanneauen, fir eng optimal Leeschtung vun den Installatiounen ze garantéieren. Mat professionellem Material an dem néidege Know-how ginn d'Solarpanneauen effizient a sécher gebotzt. Egal ob fir eng eemoleg oder reegelméisseg Botz – AWI Clean ass Äre vertrauenswürdege Partner fir allgemeng Botzaarbechten am Innen- an Aussenberäich, mat engem Service deen un Är Besoine ugepasst ass.
Dir fannt all d'Servicer vun AWI Clean op Editus ënnert de Rubricken: Allgemeng Botz, Solarpanneaue-Botz, Bürobotz, Fënsterbotz, Haiser & Appartementer, Gaardenaarbechten, Residenzen a Wanterdéngscht.