Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          ASV Montage Sàrl

          Metallindustrie an Maschinnenbau 6 Rue des Artisans L-3895 Foetz (Feiz)
          Kuck d'Nummer 28 77 80 02 Itinéraire Websäit Kontakt Zerwisser

          Iwwer ASV Montage Sàrl

          ASV MONTAGE huet sech zum Zil gesat, Exzellenz a punkto Produiten an Ausféierungsqualitéit unzebidden.

          Fir dat z’erreechen, hu mir déi bescht Partner gewielt, fir dës Ambitioun an d’Realitéit ëmzesetzen.


          Eis Missioun ass et, op de Client ze lauschteren an zesumme mat him déi passendst Léisungen fir seng Besoinen ze fannen.

          Mir hunn eis Partner och esou ausgewielt, fir eis ofzehiewen an dem Maart en neien Otem ze ginn.


          Mir bidden souwuel d’Liwwerung wéi och d’Installatioun vun all eise Produiten un.

          Mir entwéckelen all Projet individuell, dobäi bleift Är Zefriddenheet ëmmer eise roude Fuedem.


          ASV Montage ass am ganze Grand-Duché Lëtzebuerg aktiv, souwéi an de Grenzregiounen vu Belgien a Frankräich.

          Eist ganzt Personal gëtt intern an de verschiddene Beruffer ausgebilt.


          Mir suergen fir d’Iwwerwaachung an d’Steierung vun eise Chantieren, mat engem wöchentleche Reporting un eis Clienten.


          ASV Montage ass spezialiséiert op:


          • Installatioun vun elektresche Leedungssystemer, Kabelzuch, Installatioun an Uschloss vu Luuchten
          • Installatioun vu Belëftungskanäl
          • Beliichtung
          • Elektresch Apparater
          • Glasgelänner
          • Stol-Glas-Strukturen (z. B. Liftsschächten, Trapen, Passerellen, asw.)
          • Liwwerung an Installatioun vu Gitterrosten


          Kontakt Persounen